Fotografin fir Neigebueren,
Kanner a Famillen
Fir déi schéinste Momenter vun ärer Famill festzehaalen

Fotografin fir Neigebueren,
Kanner a Famillen
Fir déi schéinste Momenter vun ärer Famill festzehaalen
IWWER
mech
Moien, ech sinn Nicky, Fotografin aus Lëtzebuerg a Mam vun zwee wonnerbare Jongen. Als Mamm a Kënschtlerin hat ech schonn ëmmer eng grouss Passioun fir d’Welt vun de Biller an de Geschichten. Ursprénglech hunn ech Kommunikatiounsdesign zu Berlin studéiert, wat mir gehollef huet, e staarke visuelle Bléck z'entwéckelen – mee et war d'Fotografie, déi mäin Häerz erobert huet.
D'Kombinatioun aus menger Léift fir d’Konscht an der Freed, speziell Momenter fest ze halen, huet mech scho säit klengem u begeeschtert. No Joren un Erfarung an der Weiderentwécklung an der Fotografie, hunn ech 2022, mat engem Mann de mir ëmmer de Réck fräi hält, de Schrëtt gemaach, an de Wonsch vun der Selbstännegkeet verwierklecht. Säit deem begleeden ech Familljen an nei Elteren, fir eenzegaarteg a vergänglech Momenter vum Liewe fest ze halen.

Meng Aarbechten
Eng Erënnerung fir dL'iewen
PACKAGEN
Op dir e Kand erwart oder är Famill schon komplett ass an dir sicht e Fotograf fir är Familljemomenter festzehaalen, dann sidd dir bei mir richteg!
Puppelcher, kleng a grouss Kanner mat Iech als Elteren, ech fréeën mech op jidereen.
Ech hunn verschidden Packagen zesummen gesat, fir dass Dir et méi einfach hutt dat Bescht fir iech erauszesichen. Wann Dir Froen zu mengen Packagen hutt, zeckt net mech ze kontaktéieren fir weider Informatiounen ze kréien,
ech stinn Iech fir all Rot zur Säit.
01
Newborn
Fir den Shooting, sollt äre Butz am beschten manner wéi 2 Wochen al sinn.
Ech bréngen iech an eng gemitterlech Stëmmung an mengem Studio fir dass dir iech wéi Doheem fillt. Ech léeën vill Wärt op eng waarm Ambiance. Fir de Shooting sinn 2-3 Stonnen firgesinn, ma äre Puppelchen gëtt den Tempo fir. Ganz flexibel kënnen mir Pausen aléeën wann den Honger sech mëllt oder wann de Butz eweineg Kamera schei ass.
02
Toddlers
Fir den Shooting, sollt ärt Kand tëscht 11-24 Méint aal sinn.
Ech bréngen iech an eng gemitterlech Stëmmung an mengem Studio fir dass dir an ärt Kand iech wéi Doheem fillt.
Fir de Shooting sinn 2 Stonnen firgesinn, ech wëll déi Kleng net iwwer strapazéieren.
03
Pregnancy
Eng Schwangerschaft ass eppes eenzegarteges, haalt och dir dës Arënnerung fest, op mat ärem Partner, äre Kanner oder elleng.
Wärend 2 Stonnen stidd dir an äre Bauch bei mir am Fokus.
Ech recommandéieren de Shooting tëscht dem 7. an 8. Mount z'organiséieren,
natierlech oofhängeg vun ärem Wuelbefannen.
04
Outdoor
An mengem Studio ass et ëmmer gemittlech, ma mir gi genau esou gären eraus an d'Natur fotographéieren. All Joreszäit bréngt säin eegene Charme mat an dee bannen ech gären an eis Fotoe mat an. Wann dir eng flott Location bei iech em den Eck hutt da kommen ech gäre bis iech gefuer. Vum Studio zu Holzem sinn 20 km am Präis inclus, fir all weidere Kilometer berechnen ech e Supplement.
KONTAKT
Dir hudd Froen oder wëllt ären
Shooting buchen?
Dann fëllt mäin Formulaire aus
Email: info@nickybreger.lu